De Xavier Bettel ass elo säit ronn zwee Joer Ausseminister. Wéi huet sech d’Aussepolitik ënnert him verännert? A wéi positionéiert hien sech do, awer och national vis-à-vis vum Premier Luc Frieden? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Dës Woch huet de Xavier Bettel seng zweet Deklaratioun zur Aussepolitik an der Chamber gemaach. Si huet eppes méi wéi annerhallef Stonn gedauert a war dat, wat den Ausseminister versprach hat: en Tour ronderëm de Globus. „Et gouf dat, wat z’erwaarde war“, seet dann och de Pit Scholtes am Podcast „On the Record“. „D’Ried huet zimmlech improviséiert gewierkt, mee sou kenne mer de Xavier Bettel. Seng Stäerkt läit am Tëschemënschlechen, am Relationalen. Hien huet sech jo och selwer als Reesender bezeechent“, sou de Journalist vu Reporter.lu.

„De Xavier Bettel gesäit seng Roll ganz kloer als een, dee Relatiounen zu aner Staatscheffen hierstellt. D’Fro ass natierlech a wéi enger Form dat geschitt.“, seet de Pit Scholtes. An der Ried goufen et gläich e puer Beispiller, wéi eng SMS un déi jamaikanesch Ausseministesch wéinst dem Hurrikan an der Karibik oder en Uruff beim US-Ausseminister Marco Rubio wéinst dem „Storytelling“ vum Entstoe vum Gaza-Accord. „Tëscht Spontanitéit a Baussewierkung, dat ass e bëssen de Niveau, op deem dat Ganzt leeft“, sou de Pit Scholtes. „An d’Baussewierkung an d’Wierkung an de soziale Medie spillt do ëmmer eng Roll.“

An dat ass och ee Punkt, wou et e groussen Ënnerscheed zum Premier Luc Frieden géing ginn. Awer net nëmmen: „De Xavier Bettel erkennt Situatiounen oder politesch Konstellatioune besser wéi de Luc Frieden“, seet de Pit Scholtes, deen do un d’Sozialronn oder den Debat ëmm d’Recht op Ofdreiwung an der Verfassung denkt. „Dat ass vläicht dee grousse Virdeel vum Xavier Bettel, datt hien seng eege Stäerkten a Schwächte besser kennt wéi de Luc Frieden, deen ëmmer iwwerzeegt vun sech selwer an dowéinst awer an engem gewësse Mooss berodungsresistent ass“, sou de Journalist vu Reporter.lu.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:


„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema