Mohandas Karamchand Gandhi
De Mohandas Karamchand Gandhi, genannt Mahatma Gandhi, op Gujarati મોહનદાસ કરમચંદ ગાંધી, op Devanagari मोहनदास करमचंद गांधी, Mohandās Karamcand Gāndhī, gebuer den 2. Oktober 1869 zu Porbandar/Gujarat, a gestuerwen den 30. Januar 1948 zu Nei-Delhi, war en indesche Politiker a Mënscherechtskämpfer.
De Gandhi koum als jéngste vu véier Jonge vum Karamchand Gandhi, dem Premierminister vu Porbandar, op d'Welt an huet vun 1888 bis 1891 zu London Droit studéiert.
Duerno huet hien a Südafrika am Kampf fir d'Rechter vun den indeschen Awanderer d'Method vum gewaltlose Widderstand entwéckelt.
Dës Method huet hien och 1914 a senger Hemecht Indien propagéiert wéi d'Kolonialmuecht England den Inder d'Selbstverwaltung verweigert huet.
Den 30. Januar 1948 gouf den 78-järege Gandhi vum Hindu-Nationalist Nathuram Godse erschoss.
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
| Commons: Mohandas Karamchand Gandhi – Biller, Videoen oder Audiodateien |

