Turingmaschinn

Eng Turingmaschinn ass een einfache mathematesche Modell vun engem Rechenautomat, dee 1936 vum brittesche Mathematiker, Kryptoanalytiker a Computerconstructeur Alan Turing definéiert gouf. D'Church-Turing Thees seet, dat all déi am intuitive Sënn berechebar Funktioune mat enger Turingmaschinn geléist kënne ginn.
Definitioun
[änneren | Quelltext änneren]Informell Beschreiwung
[änneren | Quelltext änneren]
D'Turingmaschinn besteet aus dräi Deeler:
- engem no béide Säiten onendlech laangem Band, wat a gläich grouss Zellen agedeelt ass. All Zell ka just een Zeechen ophuelen.
- enger Steiereenheet oder Kontrolleenheet mat endlech villen Zoustänn.
- engem beweegleche Lies-/Schreifkapp.
Aarbechtsweis
[änneren | Quelltext änneren]Am Ufank ass d'Maschinn am Startzoustand an de Kapp steet op deem éischten Zeeche vun der Eingabe. D'Maschinn liest Zeechen ënner dem Kapp a féiert an Ofhängegkeet vun
an dem Zoustand
eng Aktioun aus. Dobäi gëtt een Zeeche
op déi aktuell Positioun vum Kapp op d'Band geschriwwen. De Kapp beweegt sech eng Positioun no lénks (L), riets (R) oder bleift stoen (N) an d'Kontroll geet an een neien Zoustand
iwwer. Elo gëtt nees een Zeeche gelies a sou weider. D'Berechnung ass fäerdeg, wann d'Kontroll an een Endzoustand gaangen ass.
Formal Definitioun
[änneren | Quelltext änneren]Eng Turingmaschinn ass en 7-Tupel
, woubäi
ass den endlechen Ensembel vun Zoustänn,
ass d'Eingabealphbet,
ass d'Bandalphabet (
),
ass d'Iwwergangsfunktioun,
ass de Startzoustand,
steet fir e Blank
ass den endlechen Ensembel vun Endzoustänn
Informell bedeit:
Wann d'Turingmaschinn am Zoustand
an dat aktuellt Zeechen
ass, da geet
an den Zoustand
iwwer, iwwerschreift
duerch
a mécht d'Kappbeweegung
.
Beispill
[änneren | Quelltext änneren]Déi follgend Turingmaschinn erwaart eng Rei vun
en als Eingabe a verduebelt dës da mat engem Blank (representéiert als o) an der Mëtt:
Wann d'Maschinn zum Beispill mat der Eingabe
gestart gëtt, da stoppt se mat
um Band. Si mécht follgend Schrëtt:
Variante vun Turingmaschinnen
[änneren | Quelltext änneren]Eng -Band Turingmaschinn besteet aus
Bänner mat all Kéier engem eegene Lies-Schreifkapp.
Dës Käpp kënne sech onofhängeg vunenee beweegen. Wichteg ass, dat dës
-Band Turingmaschinnen awer net méi mächteg sinn: zou all
-Band Maschinn existéiert eng equivalent
-Band Turingmaschinn.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Uwe Schöning: Theoretische Informatik - kurzgefasst. Spektrum Akademischer Verlag, 2001.
- Renate Winter: Theoretische Informatik. Oldenbourg Verlag, 2002.
- Rolf Herken (Erausg.): The Universal Turing Machine - A Half-Century Survey, Hamburg, Verlag Kammerer/Unverzagt, 1987. D'Buch ass eng Sammlung vun 30 wëssenschaftrleche Originalaufsätz fir de 50. Joresdag vun der Erfindung vum abstakten Universalcomputer duerch den Turing.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Turingmaschinnen – Biller, Videoen oder Audiodateien |