Niue
Ausgesinn
| Niue | |
|---|---|
|
Lag vum Land | |
| Allgemeng Informatiounen | |
| Offiziell Sprooch | Englesch |
| Haaptstad | Alofi |
| Koordinate vun der Haaptstad |
19° 03’ 00’’ S 169° 55’ 0’’ W |
| Staatsleedung | |
| Monarch vun Neiséiland | Charles III. |
| Premierminister vun Niue | Dalton Tagelagi |
| Geographie a Bevëlkerung | |
| Fläch | 260 km² |
| Bevëlkerung | 1.821 (2025) |
| Geschicht a Staatssymboler | |
| Nationalhymn | Ko e Iki he Lagi |
| Praktesch Informatiounen | |
| Zäitzon | UTC -11 |
| Internet-TLD | .nu |
| Internationalen Telefonsprefix | +683 |
|
|
Niue (Niueanesch: Niuē; Englesch: [ˈnjuːeɪ]; fréieren Numm Savage Island), ass eng isoléiert Koralleninsel am Südpazifik, an der Géigend vun Tonga, ronn 2400 km nordëstlech vun Neiséiland. Den Inselstaat läit südlech vu Samoa a westlech vun de Cookinselen.
Zanter 1974 ass Niue duerch en Associatiounsaccord mat Neiséiland verbonnen.
Niue läit direkt ëstlech vun der Datumsgrenz an domat besteet en Zäitënnerscheed mam Noper Neiséiland vun 23 Stonnen am Wanter a 24 Stonnen am Summer op der Südhallefkugel.

Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Niue – Biller, Videoen oder Audiodateien |
