Montenegro
| Dëse Geographiesartikel iwwer Europa ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Република Црна Гора Republika Crna Gora | |
|---|---|
|
Lag vum Land | |
| Allgemeng Informatiounen | |
| Offiziell Sprooch | Montenegrinesch |
| Haaptstad | Podgorica |
| Staatsform | Parlamentaresch Republik |
| Staatsleedung | |
| President vum Montenegro | Jakov Milatović |
| Premierminister vum Montenegro | Milojko Spajić |
| Geographie a Bevëlkerung | |
| Fläch | 13.812 km² |
| Waasserfläch | 1,5 % |
| Bevëlkerung | 617.213 (2022) |
| Bevëlkerungsdicht | 45 Awunner/km² |
| Geschicht a Staatssymboler | |
| Onofhängegkeet |
vu Serbien a Montenegro, den 3. Juni 2006 |
| Nationalfeierdag | 13. Juli |
| Nationalhymn | Oj svijetla majska zoro |
| Praktesch Informatiounen | |
| Wärung | Euro, mä net Member vun der Eurozon |
| Zäitzon | UTC +1 (+2 am Summer) |
| Internet-TLD | .me |
| Internationalen Telefonsprefix | +382 |
|
|
Montenegro (an der Landessprooch Crna Gora; kyrillech Црна Гора ['t͡sr̩naː 'ɡɔra]) ass eng Republik a Südosteuropa, déi u Kroatien, Bosnien an Herzegowina, Serbien an Albanien grenzt. Am südwestlechen Deel vum Land mécht d'Adriatescht Mier eng natierlech Grenz. Montenegro, dat en Deelstaat vum fréiere Jugoslawien an duerno vu Serbien a Montenegro war, ass zanter 2006 en onofhängege Staat.
D'Republik huet 620.000 Awunner, eng Fläch vu ronn 14.000 km², a gehéiert domat zu de klenge Staaten an Europa. D'Land besteet haaptsächlech aus Bierglandschaften an ass dënn besidelt. D'Haaptstad vu Montenegro ass Podgorica.
Eng Uertschaft, déi wéinst hirer Alstad vill vun Touriste besicht gëtt, ass Kotor. Duerch hir kulturell a musikalesch Offere beim Jonktem beléift ass dogéint Budva op der Adria. Eng grouss reliéis Bedeitung net nëmme fir déi orthodox Kierch huet Klouschter Ostrog dat matzen an de Fiels gebaut gouf. Haaptatout vu Montenegro ass awer seng Natur, wou besonnesch d'Naturschutz- a Schigebitt Durmitor, déi bis zu 1300 m déif Taraschlucht an de fëschräiche Skutariséi ervirstiechen.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Montenegro – Biller, Videoen oder Audiodateien |
(en) Offiziell Säit vun der Regierung vu Montenegro
